Galerie

De Georges Lucas huet seng 90 Jar gefeiert.

Dëser Deeg huet de Georges Lucas seng 90 Jar konnte feieren (*14.05.1946) . Fir dem Georges säin onermiddlechen Asaz ze éieren war eng Delegatioun vun der Chorale Berdorf- Consdorf bäi de Georges an hunn him e Kaddo iwerreecht. Dat war an der Form vun enger Auer mat Gravur. Si ass extra an der Bijouterie déi vum Bäertrefer Meedchen, dem Sandy Streff geleet gëtt, ugefäerdegt ginn. De Georges séngt lo schon 80 Jar am Gesank. Bal keng Hochzäit, Begreefniss a praktesch all Sonndesmasse sënn net ouni dem Georges seng herrlech, liicht Tenorstëmm gehale ginn. Et war natierlech eng zouverléisseg Stäip op all Concert. Dobäi huet heen och nach bäi all Organisatioun vun Antunniuskiermes, Haupeschfest, Duerffest oder Grillfest kräfteg mat ugepaakt. Legendär sen och seng Optrëtter a verschidden Operetten, déi de Bäertrefer Gesank opgefouert huet. Ganz einfach gesot: Op de Georges war ëmmer zu 100 Prozent Verlooss.

Mat engem gudde Pättchen a Schnittercher ass is Delegatioun och vum Georges a sénger léiwer Fra dem Giby verwinnt ginn a mir konnte verschidde Spiichte vum Veräin ënnerteneen austauschen.

All Member aus dem Gesank, sief et vu Bäertref oder Konsdref, wënscht dem Georges an dem Giby, elo zu Eechternach am Belle-Vue, datt si nach vill schéi Stonne kënnen zesumme sen.

Merci Georges, datt s du dem Gesank an der ganzer Duerfgemeinschaft su vill Déinster geleest hues.

Chorale Berdorf-Consdorf on Tour

Bäi wonnerbarem Wieder huet d’Chorale vum 1. bis den 3. Mee en Ausfluch op Freiburg an Ëmgéigend gemaach. No enger Kaffispaus um Linslerhof zu Überherrn gung et weider op Oberbergen am Kaiserstuhl, wou eng kulinaresch Wäiprouf an enger Kellerei um Programm stung. Natierlech hunn duerno och e puer gudder Fläschen eng Plaz an der Waliss fonnt.

Freiburg im Breisgau (inoffiziell Haaptstad vum Schwarzwald) ass mat ronn 250 000 Awunner déi 4. gréisst Stad a Baden-Württemberg. Besonnesch bekannt ass d’Stad duerch de Münster mat dem 116 m héijen Turm an duerch déi vill Bächle, déi laanscht d’Stroosse fléissen an déi duerch de Floss Dreisam gespeist ginn. Freiburg dréit den Titel „Green City“ als besonnesch ëmweltfrëndlech Stad, also net nëmme politesch gesinn.

Op deene villen Terrassen ronderem de Münster an och an de klenge Gaasse léisst et sech gutt aushalen.

Um leschten Dag gung et dann nach op Breisach un der fränséischer Grenz. Niewend enger Stadféierung stung eng Bootsfaart um Rhäin um Programm, wou e genësslecht Spargeliessen net huet däerfe feelen.

Mat ganz gudden Andréck vun enger flotter Géigend hu mir is op den Heemwee gemaach.

Generalversammlung Chorale Berdorf-Consdorf

De 16. Abrëll 2026 hunn déi 2 Chorallen zesummen hir Generalversammlung am Restaurant “O Pastor“ zu Konsdref ofgehalen. Zënter datt déi 2 Chorallen zesumme sangen a schaffen ass et Traditioun, datt d’Versammlung och zesumme gemaach gëtt, ofwiesselnd an den 2 Gemengen.

No der Begréissung vun de verschiddenen Invitéen an den obligate Mercien duerch de Präsident huet d’Sekretärin déi laang Lëscht vun den Aktivitéite virgedroen. Besonnesch ervirgestach hunn déi vill Concerten am Kader vun “75 Jar Chorale Mixte Berdorf“. Derniewend war de Chouer awer och am Asaz bäi ganz ville kierchlechen a weltlechen Aktivitéiten. An net ze vergiessen déi vill Prouwen, déi am Duerchschnëtt gutt besicht waren.

Och de Programm 2026 ass gutt gefëllt an dat verlaangt nees vill Engagement vun alle Memberen.

D’Keese si gesond an d’Keeserevisore bescheinigen eng korrekt Keeseféierung.

An de Comitéë ginn et e puer Changementer:

Aus gesondheetleche Grënn hält d’Trésorière vu Consdorf Nicole Koob mat der Keeseféierung op a gëtt ersat duerch d‘Maren Grosser. Den 2 Dammen e grousse Merci.

Op Bäertrefer Säit huet d’Vizepräsidentin Mireille Hubert hir Demissioun agereecht a gëtt ersat duerch d’Sylvie Schroeder. Och hinnen 2 e grousse Merci.

Zum Schluss goufen nach eng Rei Mercien un de Chouer verdeelt an dat vum Dirigent Daniel Lang, der Vertriederin vum Pastoralteam Josiane Mirkes an vun de Vertrieder vun de Gemenge Berdorf a Consdorf. Si all hunn dat grousst a villsäitegt Engagement vum Chouer ervirgestrach an et gouf net mat Luef gespuert.

No der Versammlung hunn d’Émilie an de Ken aus dem Restaurant “O Pastor“ de Patt a Pizza zerwéiert.
Text + Foto: CBC

Ad Libitum

Konzert am 12.10.2025, Eglise Berdorf
Fotoen vu Josiane Spaus a Paul Schilt

Metal & Pipes

Konzert am 12.07.2025 in der Kirche Berdorf
Fotoen vu Jhemp Origer, Josiane & Nathalie

Militärmusek

Konzert am 03.07.2025, Centre Culturel a Schmadds
Fotoen vu Jhemp Origer & Fernand Schmitz

Nach oben scrollen