Chorale Mixte Berdorf
Besetzung
SOPRAN:
vu lénks no riets:
- Mariette Theis-Schuller
- Bernadette Van Lier
- Yvone Pistola-Alf
- Josiane Spaus-Laugs
- Mireille Birkel-Hubert
ALT:
vu lénks no riets:
- Annette Konsbruck-Finsterwald
- Marie-Paule Werner-Wagner
- Alice Conrad-Lucas
- Sylvie Schroeder-Boulanger
TENOR & BASS:
vu lénks no riets:
- Camille Meyers, Tenor
- Denis Steil-Adehm, Tenor
- Georges Lucas, Tenor
- Annemie Schumacher-Bentener, Tenor
- Paul Schilt, Bass
Comité
Éirepresident: Lucas Georges
President: Schilt Paul
Vizepresidentin: Hubert-Birkel Mireille
Membren:
Spaus-Laugs Josiane (Sekreteriat)
Conrad-Lucas Alice (Keess)
Werner-Wagner Marie-Paule
Gemeinsam Kees Berdorf-Consdorf: Majerus-Bintener Sylvie
Histoire
1850er Jaren:
Grënnung vun engem Bäertrefer Chouer.
An den 1850er Jaren ass zu Bäertref e Männerkierchechouer gegrënnt ginn. Wärend dem 2. Weltkrich sënn all Ënnerlage vernicht (verschwonnen) ginn. Deemno besteet eigentlech schonn zënter 175 Jar e Chouer zu Bäertref. Nom Krich huet de Paschtouer Jos Keup sech ëm de Chouer gekëmmert, bis den Här Victor Feitler Dirigent ginn ass.
1950
Grënnung vun der Chorale Mixte Berdorf.
E gemëschte Chouer mat Fraen a Meedercher gëtt vum Här Feitler an d’Liewe geruff an dat fir d‘Bouwestëmmen nom Stëmmbroch ze ersetzen. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vum Paschtouer René Henkes. Den Numm ass vun lo un: CHORALE MIXTE BERDORF
Éischt Erfolleger: Mat 4-stëmmege Partiture ginn eng Hellewull voll Massen a stëmmeg Einlage geprouft. Besonnesch Momenter waren d’Primizfeier vum Här René Lucas, d’Altarkonsekratioun an nach vill aner wonnerbar Optrëtter. Dem Victor Feitler seng onermiddlech a vu Begeeschterung gepräägten Aarbecht ass duerch säi leider vill ze fréien Dout 196? abrupt op en Enn gaangen.
1961
En neien Dirigent
1961 huet de jonke Schoulmeeschter Edmond Steyer och d’Direktioun vum Chouer iwerholl. Mat vill Enthusiasmus huet hien de Chouer vun Erfolleg zu Erfolleg geleet. Déi gesellschaftlech méi „faarweg“ Liewensaart huet dem Veräin duerch Theater spillen, Baler organiséieren, etc. vill Zesummenhalt bruecht, wat och gesanglech zu Erfolleger gefouert huet.
Legendär ass déi deelweis 5-stëmmeg „Missa Christi Eterna Munera“ vum Palestrina, déi ganz a capella konnt opgefouert ginn. Deemols huet de Chouer ca 45 Membere gezielt. Mat dem Dirigent sengen Iddien ass d’Begeeschterung vun de Membere stänneg an d’Luucht gaang.
Dem Edmond Steyer huet de Veräi vill ze verdanken. Ënnert anerem huet hien och e Kannerchouer an d’Liewe geruff, deen awer leider haut net méi besteet.
1967
Eng nei elektresch Uergel
1967 konnt eng nei elektronesch Uergel ageweit ginn. Gespillt gouf si vum jonken Organist Roby Schiltz. Vun do un huet hien net méi missen um Harmonium „strampelen“.
Duerno huet de Professer Josy Asselborn d’Uergel gespillt.
1984
Eng nei Päifenuergel: Op Initiativ vum Paschtouer Arsène Braun ass 1984 eng Päifenuergel ugeschaaft ginn. Jonken Organist war deemools den Här Joël Santer.
En neie Klank huet de Chouer alt nees nei begeeschtert a befligelt.
De Joël Santer ass zum Paschtouer geweit ginn an den Här Felix Weidert, e ferwente Sänger a Museker, huet zousätzlech d’Uergelspille geléiert an huet de Chouer an all Sonndesmasse bis zu sengem vill ze fréien Dout begleet.
Donieft hate mir nach vill Organisten (Gaastorganisten), déi gären dat schéint Instrument erklénge gelooss hunn.
No 44 Jar
en neien Dirigent
Nodeems den Edmond Steyer en uergt Accident hat, konnt hien net méi dirigéieren. Den Erny Schmartz huet dee Poste mat vill Freed iwerholl an de Chouer konnt och weider mat wonnerschéine Concerten a Masse glänzen. Mat him huet de Chouer och déi musikalesch Säit aus dem Romantikzäitalter kenne geléiert. Dem Erny Schmartz seng zäitlech a gesondheetlech Problemer hunn awer 2011 duerzou gefouert, datt hie schwéieren Häerzens huet missen ophalen.
Duerno huet den Här Henri Bissen wärend 2 Jar den Interim gemaach.
Eng nei Ära
En neien Dirigent war huerteg fonnt. De Roby Schiltz war jo zäitlewens ëmmer irgendwi mat dem Bäertrefer Chouer verbonnen. De Roby huet ugangs 2013 den Dirigenteposten gären ugeholl. Niewent dem Chouer vu Bäertref huet de Roby och zënter 2009 de Konsdrefer Chouer dirigéiert. Well mëttlerweil iwerall d’Gesangveräiner ënner „Personalmangel“ leiden, hat de Roby d’Iddi, fir mat den zwéi Chéier zesummen als ee Chouer opzetrieden. Et war e vollen Erfolleg a mir konnten 2013 den ischte Concert zesumme sangen.
Zënterhir prouwe, sangen a feiere mir just nach zesummen.
Als Organiste wiessele sech aktuell de Fons Steinmetz an de Rosch Mirkes jee no Disponibilitéit of. De Chouer kann ëmmer a bäi all Geleeënheet op is trei Organisten zielen.
Jéngst Entwécklung
Aus diverse Grënn huet de Roby 2024 déi schwéier Decisioun getraff, fir d‘Direktioun ofzeginn. De jonken, talentéierte Museker Daniel Lang huet d’Direktioun vum gemeinsame Chouer iwwerholl. Sou kann d‘Chorale Mixte Berdorf zesumme mat der Chorale Sainte Cécile Consdorf nach vill nei Erausfuerderungen ugoen an hoffentlech nach laang déi schéin a wäertvoll Chouermusek flegen.
Paschtéier
René Henkes
1948-1975
Arsène Braun
1975-2001
Carlo Morbach
2002-
Presidenten
Emile Speller
1946-1969
Jos Burggraff
1969-1974
André Hatz
1974-1976
Léon Stirn
1977-1986
Georges Lucas
1986-2017
Mireille Birkel
2017-2023
Paul Schilt
2023-
Dirigenten
Victor Feitler
1947-1961
Edmond Steyer
1961-2005
Erny Schmartz
2005-2011
Henri Bissen
2011-2012
Roby Schiltz
2013-2024
Daniel Lang
2024-