Chorale Berdorf Consdorf

Chorale Mixte Berdorf

Besetzung

SOPRAN:

vu lénks no riets:

  1. Mariette Theis-Schuller
  2. Bernadette Van Lier
  3. Yvone Pistola-Alf
  4. Josiane Spaus-Laugs
  5. Mireille Birkel-Hubert

ALT:

vu lénks no riets:

  1. Annette Konsbruck-Finsterwald
  2. Marie-Paule Werner-Wagner
  3. Alice Conrad-Lucas
  4. Sylvie Schroeder-Boulanger

TENOR & BASS:

vu lénks no riets:

  1. Camille Meyers, Tenor
  2. Denis Steil-Adehm, Tenor
  3. Georges Lucas, Tenor
  4. Annemie Schumacher-Bentener, Tenor
  5. Paul Schilt, Bass

Comité

Éirepresident: Lucas Georges

President: Schilt Paul

Vizepresidentin: Hubert-Birkel Mireille

Membren:
Spaus-Laugs Josiane (Sekreteriat)
Conrad-Lucas Alice (Keess)
Werner-Wagner Marie-Paule

Gemeinsam Kees Berdorf-Consdorf: Majerus-Bintener Sylvie

Histoire

1850er Jaren:

Grënnung vun engem Bäertrefer Chouer.

An den 1850er Jaren ass zu Bäertref e Männerkierchechouer gegrënnt ginn. Wärend dem 2. Weltkrich sënn all  Ënnerlage vernicht (verschwonnen) ginn. Deemno besteet eigentlech schonn zënter 175 Jar e Chouer zu Bäertref. Nom Krich huet de Paschtouer Jos Keup sech ëm de Chouer gekëmmert, bis den Här Victor Feitler Dirigent ginn ass.

1950

Grënnung vun der Chorale Mixte Berdorf.

E gemëschte Chouer mat Fraen a Meedercher  gëtt vum Här Feitler an d’Liewe geruff an dat fir d‘Bouwestëmmen nom Stëmmbroch ze ersetzen. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vum Paschtouer René Henkes. Den Numm ass vun lo un: CHORALE MIXTE BERDORF

Éischt Erfolleger: Mat 4-stëmmege Partiture ginn eng Hellewull voll Massen a stëmmeg Einlage geprouft. Besonnesch Momenter waren d’Primizfeier vum Här René Lucas, d’Altarkonsekratioun an nach vill aner wonnerbar Optrëtter. Dem Victor Feitler seng onermiddlech a vu Begeeschterung gepräägten Aarbecht ass duerch säi leider vill ze fréien Dout 196? abrupt op en Enn gaangen.

1961

En neien Dirigent

1961 huet de jonke Schoulmeeschter Edmond Steyer och d’Direktioun vum Chouer iwerholl. Mat vill Enthusiasmus huet hien de Chouer vun Erfolleg zu Erfolleg geleet. Déi gesellschaftlech  méi „faarweg“ Liewensaart huet dem Veräin duerch Theater spillen, Baler organiséieren, etc. vill Zesummenhalt bruecht, wat och gesanglech zu Erfolleger gefouert huet.

Legendär ass déi deelweis 5-stëmmeg „Missa Christi Eterna Munera“ vum Palestrina, déi ganz  a capella konnt opgefouert ginn. Deemols huet de Chouer ca 45 Membere gezielt. Mat dem Dirigent sengen Iddien ass d’Begeeschterung vun de Membere stänneg an d’Luucht gaang.

Dem Edmond Steyer huet de Veräi vill ze verdanken. Ënnert anerem huet hien och e Kannerchouer an d’Liewe geruff, deen awer leider haut net méi besteet.

1967

Eng nei elektresch Uergel

1967 konnt eng nei elektronesch Uergel ageweit ginn. Gespillt gouf si vum jonken Organist Roby Schiltz. Vun do un huet hien net méi missen um Harmonium „strampelen“.

Duerno huet de Professer Josy Asselborn d’Uergel gespillt.

1984

Eng nei Päifenuergel: Op Initiativ vum Paschtouer Arsène Braun ass 1984 eng Päifenuergel ugeschaaft ginn. Jonken Organist war deemools den Här Joël Santer.

En neie Klank huet de Chouer alt nees nei begeeschtert a befligelt.

De Joël Santer ass zum Paschtouer geweit ginn an den Här Felix Weidert, e  ferwente Sänger a Museker, huet zousätzlech d’Uergelspille geléiert an huet de Chouer an all Sonndesmasse bis zu sengem vill ze fréien Dout begleet.

Donieft hate mir nach vill Organisten (Gaastorganisten), déi gären dat schéint Instrument erklénge gelooss hunn.

No 44 Jar
en neien Dirigent

Nodeems den Edmond Steyer en uergt Accident hat, konnt hien net méi dirigéieren. Den Erny Schmartz huet dee Poste mat vill Freed iwerholl an de Chouer konnt och weider mat wonnerschéine Concerten a Masse glänzen. Mat him huet de Chouer och déi musikalesch Säit aus dem  Romantikzäitalter kenne geléiert. Dem Erny Schmartz seng zäitlech a  gesondheetlech Problemer hunn awer 2011 duerzou gefouert, datt hie schwéieren Häerzens huet missen ophalen.

Duerno huet den Här Henri Bissen wärend 2 Jar den Interim gemaach.

Eng nei Ära

En neien Dirigent war huerteg fonnt. De Roby Schiltz war jo zäitlewens ëmmer irgendwi mat dem Bäertrefer Chouer verbonnen. De Roby huet ugangs 2013 den Dirigenteposten gären ugeholl. Niewent dem Chouer vu Bäertref huet de Roby och zënter 2009 de Konsdrefer Chouer dirigéiert. Well mëttlerweil iwerall d’Gesangveräiner ënner „Personalmangel“ leiden, hat de Roby d’Iddi, fir mat den zwéi Chéier zesummen als ee Chouer opzetrieden. Et war e vollen Erfolleg a mir konnten 2013 den ischte Concert zesumme sangen.

Zënterhir prouwe, sangen a feiere mir just nach zesummen.

Als Organiste wiessele sech aktuell de Fons Steinmetz an de Rosch Mirkes jee no Disponibilitéit of. De Chouer kann ëmmer a bäi all Geleeënheet op is trei Organisten zielen.

Jéngst Entwécklung

Aus diverse Grënn huet de Roby 2024 déi schwéier Decisioun getraff,  fir d‘Direktioun ofzeginn. De jonken, talentéierte Museker Daniel Lang huet d’Direktioun vum gemeinsame Chouer iwwerholl. Sou kann d‘Chorale Mixte Berdorf zesumme mat  der Chorale Sainte Cécile Consdorf  nach vill nei Erausfuerderungen ugoen an hoffentlech nach laang déi schéin a wäertvoll Chouermusek flegen.

Paschtéier

René Henkes
1948-1975

Arsène Braun
1975-2001

Carlo Morbach
2002-

Presidenten

Emile Speller             
1946-1969

Jos Burggraff              
1969-1974

André Hatz
1974-1976

Léon Stirn
1977-1986

Georges Lucas
1986-2017

Mireille Birkel
2017-2023

Paul Schilt
2023-

Dirigenten

Victor Feitler
1947-1961

Edmond Steyer
1961-2005

Erny Schmartz
2005-2011

Henri Bissen
2011-2012

Roby Schiltz
2013-2024

Daniel Lang
 2024-

Nach oben scrollen