Chorale Sainte Cécile Consdorf
Besetzung
BASS:
Grosser Gerry, Majerus Michel, Weis Emile,
SOPRAN:
Audry-Willems Cillly, Gros-Welter Lucie, Koedinger-Wagner Cécile, Koob-Engeldinger Nicole, Majerus-Bintener Sylvie, Nockels-Schroeder Myriam, Puraye-Wewer Marie-Paule, Wildgen-Pletschette Annick
ALT:
Bartz-Jacobs Germaine, Grosser Maren, Mangers Mie, Mirkes-Stieber Nicole, Théato-Pletschette Simone, Wolff Milly
Histoire
1912
ass dat offiziellt Gebuertsjar vum Konsdrefer Gesank. Och wann zouverlässeg Quelle feelen, ginn et awer Schrëftstécker, déi beleeën, datt et scho virdrun e Gesangveräi gouf. Dës Piste ginn zréck bis an d’Jar 1873.
Den offizielle Start 1912 war awer zimmlech holpereg. Schussendlech huet sech e Gesangveräin ënner dem Numm “Société Chorale“ duerchgesat, deen um kierlechen a weltleche Plang ganz aktiv war. Vill Massen a Concerte goufe gesonge bäi allméigleche Geleeënheeten. Awer och déi geselleg Aktivitéite goufen net vernoléissegt. Ausflich si gemaach ginn, sief et zu Fouss op d’Nopeschdierfer oder wann et bësse wéi wäit gung, mat der Päerdskutsch. 1928 gung et souguer bis an d’Grotte de Han, dës Kéier awer motoriséiert. Lëschteg muss et op sou Reesen zougaange sinn !
1940 / 1945
An de Krichsjaren 1940/1945 gouf d’Veräinsliewe verständlecherweis béis gestéiert. Duerno huet et nach eng Zäitche gedauert, bis de Veräi sech nees forméiert hat. D’Leit hate lo aner Prioritéien: d’Aarbechten fir den Neesopbau an eng Typhusepidemie hunn d’Leit op eng haart Prouf gestallt.
1950 / 1951
Lues a lues huet de Gesank sech nees erkrabbelt an 1950 waren nees 27 Sänger ageschriwwen. 1951 krut d’Société Chorale hire Fändel, deen nach haut an der Duxallstrap ze fannen ass.
1955
1955, e Meilesteen an der laanger Geschicht vum Konsdrefer Gesank: D‘Dammen, oder besser gesot d’Jongmeedercher, hunn un der Dier vum Männerchouer ugeklappt an dat mat der Mathëllef vum deemolege Paschtouer an Dirigent Mathias Georgen. Dat war am Ufank e gliddegt Eisen. Awer en offiziellen a léiwe Bréif vun den Dammen huet d’Äis zum Schmëlze bruecht. Trotzdeem huet et nach bis 1964 gedauert, bis de Chouer definitiv gemëscht opgetrueden ass.
1964 / 1969
Trotzdeem huet et nach bis 1964 gedauert, bis de Chouer definitiv gemëscht opgetrueden ass.
Wéini d’ “Société Chorale“ an “Chorale Sainte Cécile » ëmgedeeft gouf, ass net direkt bekannt. Méiglecherweis 1969, wéi de Chouer der neigegrënnter Daachorganisatioun “Union Saint Pie X“ bäigetrueden ass.
1990 – 2008
Vun do un ass de Konsdrefer Gesankveräi säi Wee gaangen. Et gouf mat de verschiddenen Dirigenten eng hellewull Massen a Concerten ageprouft a gesonge. Och de weltlechen Deel gouf net vernoléissegt. Lëschteg Beaujolais-Owender a Cabaret stungen an den 1990er Jaren bis 2008 um Programm.
2005
2005 ass d’Chorale eng ASBL ginn an et goufen nei Statuten ausgeschafft, déi 2024 am Kader vum neien ASBL-Gesetz ugepasst goufen.
2012
2012 huet d’Chorale hiren 100. Gebuertsdag gefeiert, mat enger Rëtsch vu ganz flotte Concerten. Héichpunkt waren 2 Opféierungen vun de “Carmina Burana“ vum Carl Orff an der Sportshal zu Konsdref viru ronn 500 Nolauschterer, gesongen zesumme mat befrënnte Chéier an eenzel interesséierte Sängerinnen a Sänger.
2012
Zënter 2013 prouft, séngt a feiert d‘Chorale Sainte Cécile Consdorf zesumme mat der Chorale Mixte Berdorf. Zu enger Fusioun ass net komm, déi 2 Veräiner stinn nach ëmmer op eegene Féiss.
Den allgemenge Problem mat der “Männerknappheet“ ass domadder leider net geléist ginn. Ganz am Géigendeel.
Nodréilech kann ee behaapten: Wat e Gléck, datt d’Dammen viru 70 Jar d’Initiativ geholl hunn, fir an d’Gesangswelt vun de Männer anzebreechen!
Virwëtzeg, fir méi iwwer d’Chorale vu Konsdref gewuer ze ginn? Da mellt Eech an Dir kritt gären d’Brochür (164 Säiten) mat ganz interessanten Artikelen. emile.weis@education.lu
(Quell : Text vum Jemp Origer aus der Brochür “100 Jar Chorale“)
Comité
President: Weis Emile
Memberen:
Bartz-Jacobs Germaine
Koedinger-Wagner Cécile
Nockels-Schroeder Myriam (Secrétariat)
Koob-Engeldinger Nicole (Kees)
Gemeinsam Keess Berdorf-Consdorf: Majerus-Bintener Sylvie